Faaschtekollekt op spéider reportéiert
D‘Kierche si meeschtens komplett eidel, d‘Gemeinschafte kennen net zesummekomme fir d‘Mass ze feieren. Mir kennen zur Zäit och net bei Iech an d‘Pore komme fir Projeten an eis Aarbecht virzestellen. Eis Faaschtecampagne kann net wéi normal weidergefouert ginn. Mir wäerten eis communautaire Aktivitéiten erëm ophuelen, wa mir des Kris all zesummen iwwerstanen hunn.