Foto Schoulgaart 20032018« Heute schon die Welt verändert ? » am Schoulgaart zu Déifferdeng


Mir hunn déi zwee Schoulmeeschtere Michel Meisch a Claude Frisch begéint, fir iwwert hier Initiative „Schoulgaart Déifferdeng“ méi gewuer ze ginn.

 

17799239 1820475778271739 8387376199996116502 nWéini gouf de Schoulgaart Déifferdeng gegrënnt a wou koum déi Iddi hier? 
De Projet Schoulgaart ass em Ouschteren 2016 richteg ugaangen. Dat heescht dat ass déi Period wou mer endlech ugefaangen hunn mat Kanner am Gaart ze schaffen. Virdru war et éischter administrativ Aarbecht fir de Projet mol un d'Rullen ze kréien. D’Iddi ass opkomm, well mir zu zwee Enseignanten ëmmer nees vun eisem Sall aus den Terrain gesinn hunn dee brooch lung. Mir hunn ëmmer erëm philosophéiert, wéi et wier do mat Kanner e Gaart ze ënnerhalen. De Michel ass als Kand iwwregens ëmmer an dëse Gaart schaffe gaangen, dat ënner der Leedung vun der Mme Evrard. Nodeems si de Gaart net méi gefouert huet, lung den Terrain jorelaang brooch. Geleeëntlech sinn d’Gemengenaarbechter komm fir d’Gestrëpp ze botzen, allerdéngs ass net vill méi geschitt. Aus eisen Hirngespinster ass schnell d’Loscht opkomm tatsächlech aktiv ze ginn an eppes op d’Been ze setze fir den Terrain pädagogesch ze notzen an eben de Schoulgaart ze grënnen.

Wat genau geschitt am Schoulgaart a wie sinn di Responsabel?

Den Terrain gehéiert der Gemeng Déifferdeng. Déi Responsabel fir de Projet Schoulgaart si mir zwee. Mir treffen eis am Prinzip all Woch Dënschdes no der Schoul vu 14 bis 16 Auer mat de Kanner, déi sech ugemellt hunn (16 Kanner) fir am Gaart ze schaffen. Dozou gehéiert ëmgruewen, planzen, séinen, Onkraut rappen, awer och mol grillen, kachen, ernten an an an … Virun all Unitéit beschwätze mer mat de Kanner, wat mer maachen an och, firwat mer dat maachen. Dat Ganzt soll jo e pädagogesche Volet hunn. No all Unitéit maache mer och eng Nobespriechung.
Mir profitéieren awer och vun hire fräie Schoulstonne fir aner Klassen an de Gaart z'invitéieren. Sou gëtt zum Beispill am Hierscht mat verschidde Klassen aus der Schoul Viz gemaach oder em Ouschtere verstoppen d’Kanner aus dem Schoulgaart Eeër fir d’Kanner aus dem Cycle 1 (Spillschoul). Déi Aktivitéite wëlle mer och nach ausbauen, sou dass mer all Joreszäit eppes kenne fir d’Kanner ubidden.

Wat sinn är Motivatioune fir mat äre SchülerInnen an deem Gaart ze schaffen?

Et ass e flotten Ausgläich zum Alldag an der Schoul. Dobäi ass et och nach immens an der Natur ze sinn a selwer eppes kennen ze schafen. Déi Freed un der Natur wëlle mir weider vermëttelen. Dat Allerflottst ass awer sécherlech, d’Kanner ze gesinn sech bei der Aarbecht z’amuséieren. Si schaffen zesummen a kréie Kontakt mat anere Kanner, déi se soss am Alldag net sou kennegeléiert hätten. An och mir Enseignante léieren d’Kanner am Gaart op eng aner Aart a Weis kennen.

29432599 10214068799086379 3827213179570618368 oEch ka mir virstellen, datt Dir flott Erfarunge mat äre SchülerInnen am Schoulgaart maacht?

Eng flott Erfarung war eis Ouschtereeërsich. D’Kanner aus dem Schoulgaart hunn Eeër am Schoulgaart verstoppt. Mir hunn dunn Klassen aus dem Cycle 1 invitéiert, sou datt d’Kanner konnten op d’Sich no den Eeër goen. Et ass ganz automatesch eng flott Dynamik entstanen, déi esou eigentlech net geplangt war. Déi grouss Kanner hunn d’Heft an d’Hand geholl, si hunn deene Klengen erkläert, wat se solle maachen an si hunn sech ganz léif em déi Kleng gekëmmert, mat deenen si och duerch de Gaart gaange sinn an hinne beim Siche gehollef hunn.
Mir konnten och beobachten, datt verschidde Kanner, déi am schoulesche Kontext net esou glänzen, hier Talenter am Gaart besser konnten zum Ausdrock bréngen. Dat huet mat sech bruecht, datt déi Kanner méi Erfollegerliefnisser haten, wéi si dat aus der Klass gewinnt sinn. Déi Kanner sinn aus sech erauskomm an hunn och ugefaangen, sech eis unzevertrauen an hunn eis alles Méigleches aus hirem Alldag erzielt, wat virdrun net de Fall war.

A wéi wäit huet fir iech d’Uplanze vu Geméis an engem lokale Gaart eppes mat Liewensqualitéit fir d’Leit ze dinn?

Des Aktivitéite bedeiten eng Erfarung fir d’Liewen. D’Kanner déi elo spilleresch an engem Gaart schaffen, leeën eventuell an Zukunft als Erwuessener hieren eegene Gaart un fir den eegene Gebrauch. Et kënnt een och e bësse vun der Ofhängegkeet zu de groussen Liewensmëttelproduzenten ewech an et hëlt een seng Ernierung zu engem klengen Deel selwer an d’Hand. Et däerf een net vergiessen, datt d’Aarbecht am Gaart och mol richteg schwéier ka sinn an dat ass och vu Virdeel fir eise Kierper.
D’Aarbecht am Gaart gëtt engem eng direkt Réckmeldung, schliisslech bréngt déi eegen Aarbecht en siichtbart Resultat, wougéint wann een an engem Büro fir e Patron schafft, d’Resultater net ëmmer direkt erkennbar si fir den eenzelen Aarbechter.
Alles an allem bréngt de Gaart gesond Ernierung, kierperlech Ertüchtegung an och eng gewëssen Onofhängegkeet par Rapport zu de Konzerner, wann och nëmmen a klenge Moossen.

20170603 120427 webHuet fir iech d’Schaffen an d’Uplanzen am Schoulgaart eppes mat Heemecht, mat „sech lokal verankert/verwuerzelt spieren“ ze dinn?

Jo der Meenung si mer schonn. Schliisslech si mer hei am Zentrum vun eiser Schoul an och am Zentrum vun Déifferdeng. Mir si siichtbar fir eis Schoulkollegen an awer och fir d’Leit aus Déifferdeng, déi laanscht eise Gaart ginn. Oft ginn d’Kanner gelueft fir hiert Engagement an dat mécht si stolz. En plus verschéineren si mat hirer Aarbecht och d’Schoul an d’Stad. Si ginn hirer Heemecht eppes a kréien och e Retour a Form vu Komplimenter an Unerkennung. Si kréien och d’Gefill vermëttelt dass si e wichtege Bäitrag zur Gesellschaft leeschten.
Mir sinn nach ëmmer e bësse mat Vandalismus geplot, allerdéngs gesinn ëmmer méi Leit d’Aarbecht vun eise Schüler a respektéieren déi ëmmer méi. Vun dohier hëlt de Vandalismus of an d’Leit sinn och méi opmierksam wat dat Thema betrëfft.

A wéi wäit ass de Schoulgaart eng Méiglechkeet, d’Welt am kléngen ze veränneren?

De Gaart huet vill positiv Auswierkungen op d’Kanner. Déi positiv Erfarunge brénge mat sech, dass d’Kanner sech zu ausgeglachen Erwuessener entwéckelen. Déi positiv Attitüd fierft och op hiert Ëmfeld of. Zefridde Kanner ginn zefridden Erwuessener a féieren en zefriddent Liewen. Déi Erfarunge ginn se hoffentlech un déi nächst Generatioune weider. Ausgeglache Mënschen engagéieren sech och méi sozial a kucken net nëmmen no sech. Doduerch datt mer erëm méi Empathie erfueren a weider ginn, kann eis Welt nëmme besser ginn.
Här Meisch, Här Frisch, mir soen Iech Merci fir dëst flott Gespréich a fir d'Fotoen !

 


vertical 2021 

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer



Contact

Fondation Partage Luxembourg

291, rue de Rollingergrund 

L-2441 Luxembourg

Tél. +352 26 842 650

logo fondation partage luxembourg Q

Copyright © Partage 2016

 Nos Partenaires 

 Cercle 2019 noir et blanc     CIDSE logo FR 2022 logo de base couleur positif rvb kierch nb votum logo300dpi gris INFOGREEN NB