Méi hunn heescht net onbedéngt méi glécklech sinn. Dat ass eng interessant Erfarung.
Mir ginn äis eisem Iwwerfloss bewosst. Brenzeleg oder onangenehm gëtt et, wann äis dann de Gedanke kënnt, datt dat wat mir ze vill hunn anerwäerts feelt. Mir däerfen natierlech net blauäugeg sinn a mengen, wa mir muer manner verbëtzen, wier dat Néidegt iwwermuer bei deenen déi et brauchen. Schéi wär et, mä dofir bräicht et politesche Wëllen an déi néideg Weichestellungen fir méi gerecht Handelsbezéiungen tëscht de Staaten. Well op eiser Äerd gëtt genuch produzéiert fir all di 7,4 Milliarde Mënschen ze ernären: dat ass wëssenschaftlech bewisen!Bei dësem Gedanke gëtt äis bewosst: d‘Thema Liewensqualitéit steet am Prinzip ëmmer a Relatioun mat Communautéit, mat aneren. Meng Liewensqualitéit, d’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg, d'Liewensqualitéit an Europa ass ze gesinn a Bezéiung mat der Liewensqualitéit an Afrika, an Indien... De Raoul Follereau huet eng Kéier gesot: "Personne n'a le droit d'être heureux tout seul!"
Wie nëmmen e bësse nodenkt, weess: mir kënne net glécklech an zefridde sinn, wann eise Liewensmodus op Käschte vun anere Mënschen geet! Genau wéi bei de Klimafroen, musse mer am weltwäite Modus denken. Dat ass natierlech net selbstverständlech; schonn an Europa gi mer äis net eens - wéi soll dat dann eréischt um Weltplang méiglech sinn? Et bleift awer wouer: eist eegent Glécklechsinn ass ëmmer mam Gléck vun deenen Aneren verbonnen – och wann een do virdrun d'Aen wëllt zoumaachen.
Chrëschten wëssen, datt dës Fro onauswäichlech ass. Fir koherent mat eisem Glawen ze liewen, musse mir d’Fro stellen no der Liewensqualitéit an hirer sozialer an universaler Dimensioun! Alles wat op Käschte vun anere geet, muss geännert ginn! De Moossstaf vum Gléck, vum Wuelstand, vun der Liewesqualitéit ass deen anere Mënsch: ech ka net zefridden a glécklech sinn, wann ech weess, datt deem aneren alles dat feelt, wat hie fir ze liewe brauch!
Dat wëssen, dovun iwwerzeegt sinn geet net duer. Et brauch e konkret Handelen. D'Faaschtenzäit déi elo ufänkt, invitéiert mat klénge Schrëtter unzefänken: äis Zäit ze huelen fir nozespieren a festzestellen, wat mir wierklech brauchen, wou mir verbëtzen, wou mir dat wat mer brauchen hierhuelen an op dat ethesch ze vertrieden ass oder net. An dann Konsequenzen aus der Analys zéien: hei op eppes verzichten, do net verbëtzen, hei bewosst liewen, do mat aneren deelen: zur Liewesqualitéit gehéiert och, aneren zu méi Liewesqualitéit ze verhëllefen.
Ech wënschen Iech all eng frou an erfarungsräich Faaschtenzäit!